Béiergaart

IESSEN (zesumme mat Salaisons MEYER)


3 Deeg Gegrills a Fritten


Samschdeg den 30. Juni ab 19:00 Auer

Kniddele mat Gréiwen : 14 €/Portioun

Mielkniddele mat Speck, ass e landestypesche Plat, dee sëcherlech déi Meescht vun eis während hirer Kandheet begleed huet. Deemno esouzesoën e richtege “Nostalgie-Food”, dee vun der Form hier platt an onregelmässeg as a mat knusperege Speckwierfelen an enger frëscher Rahmzooss ugebuede gëtt. Richteg lecker an e Muss fir all Lëtzebuerger, ob grouss oder kleng.


Sonndeg den 1. Juli

Weisswurscht mat Bretzel : 8 €

ab 11 Auer bis keng méi do sin

Leberkas am Weckerl : 6 €

Eng typesch bayresch Spezialitéit aus enger feiner zarter Fleeschmass (Brät), déi och iwwer e puer Stonnen an engem traditionellen Uewen no aaler Metzleschtraditioun lues gebrode gëtt. Dee perfekte Snack fir zwëschenduerch, zervéiert op engem frësche Bréidchen. E richtege Genoss.


Porchetta-Rullbrot : 22 € inkl. 1 Gedrénks*

Heibäi handelt ët sech ëm e säftegen an häerzhafte gebrutschte Brot vu Premium- Schwéngefleesch aus lëtzebuerger Hierkonft (Marque Nationale), dee gerullt a gefëllt ass mat frësche Kreider a Gewierzer an iwwer e puer Stonne bei lueser Garmethod gebrode gëtt. E Brot, wéi Dir en aus fréieren Deeg kennt. Richteg lecker. Mat Speckgromperen a Zalote Büffet um Porzeläin Teller zervéiert.

(onbedéngt virreservéiren)      Reservéiert Hei

Gegrillte Poulet : 22 € inkl. 1 Gedrénks*

Mat Speckgromperen a Zalote Büffet um Porzeläin Teller zervéiert.

(onbedéngt virreservéiren)      Reservéiert Hei

Kaffi an Eisekuchen

* Softdrinks, Battin/Bofferding, Wäissen oder Roude Wäin